Gegrënnt 2026

Fues-Gesellschaft Lëtzebuerg

„Mir liewen Fuesent“

Iwwer eis

D’Fues-Gesellschaft Lëtzebuerg a.s.b.l. gouf 2026 gegrënnt. D’Iddi ass do entstanen, wou d’Häerz vum Karneval besonnesch staark schléit: zu Köln. Dräi Frënn, vereent duerch hir Passioun fir d’Fuesent an hir Traditiounen, wollten och zu Lëtzebuerg eng Gesellschaft an d’Liewe ruffen, déi Traditioun a Modernitéit matenee verbënnt.

Mir schätzen de Brauchtum, d’Gesellegkeet an déi besonnesch Gemeinschaft, déi de Karneval ausmécht. Gläichzäiteg stinn mir fir eng modern, oppen a kreativ Fuesent, déi sech weiderentwéckelt an nei Generatioune begeeschtert. Eist Zil ass et, déi traditionell Fuesent mat der moderner Fuesent ze verbannen: dat Traditionellt erhalen, dat Neit begréissen an zesumme Fuesent feieren.

Eise Sëtz ass zu Gréiwemaacher. Eist offiziellt Veräinsheem ass The New Rive Gauche - Maximus Lounge. Un der Spëtzt steet en Dräier-Comité, deen d’Gesellschaft mat vill Häerzblutt, Frëndschaft an Engagement opbaut.

Fir eis bedeit Fuesent net nëmme feieren, mee och Zesummenhalt, Frëndschaft a fireneen do sinn. Dofir gesi mir aner Veräiner a Comitéen net als Konkurrenz, mee als Partner a Frënn, als Deel vun der grousser Lëtzebuerger Fuesfamill.

Brayan B. President
Moreno P. Sekretär
Max P. Trésorier

Memberschaft 2026/2027

Member ginn

Gëff Deel vun eiser Fuesfamill! Wiel deng Memberschaft aus – mir freeën eis op dech.

Gëllent Sigel mam Logo

Member Gold

99 €1 Joer Memberschaft

  • 1 Veräinsorden
  • All Cavalcaden inclus (Participatioun & Gedrenks)
  • Participatioun Generalversammlung
Sëlwert Sigel mam Logo

Member Sëlwer

20 €1 Joer Memberschaft

  • 1 Veräinspin
  • 25 € pro Cavalcade (Participatioun & Gedrenks)
  • Participatioun Generalversammlung
Bordeaux-rout Sigel mam Logo

Éieremember

DonFräie Betrag

Du wëlls eis Gesellschaft ënnerstëtzen? Als Éieremember bestëmms du de Betrag selwer – all Don hëlleft eis, d’Fuesent liewen ze loossen.

Léiwer op Pabeier?

Lued d’Memberschaftsformular erof, fëll et aus an ënnerschreif et, iwwerweis d’Cotisatioun a schéck et per Mail un member@fuesgesellschaft.com.

PDF eroflueden

Kalenner

Eis Evenementer

Saison 2027

Coming Soon

Mir plangen elo schonn d’Fuesent 2027. Followt eis op Instagram,
da verpasst dir keng Event-News!

Op Instagram followen

Kontakt

Adress

Fues-Gesellschaft Lëtzebuerg a.s.b.l.
32, rue de Thionville
L-6791 Grevenmacher

Op der Kaart weisen →